Wichtegen Opruff fir Waasser ze spueren

Léif Biergerinnen a Bierger,

wéinst der unhalender Dréchent an dem héije Waasserverbrauch sinn d’Waasserreserve vun der Stad Réimech an de leschte Wochen däitlech zeréckgaangen.

Mir appelléieren dofir un all Awunnerinnen an Awunner nëmmen nach déi absolut noutwenneg Quantitéit un Drénkwaasser ze verbrauchen.

Esou kënnt Dir hëllefen:

  • Duscht nëmme kuerz an evitéiert et an d’Bidden ze goen.
  • Dréit de Krunn wärend dem Zännwäschen zou.
  • Benotzt d’Wäsch- an d’Spullmaschinn nëmme wann se voll geluede sinn.
  • Verzicht op d’Bewässere vum Wues
  • Nätzt Är Planzen nëmme moies oder owes.
  • Verzicht op d’Fëllen oder d‘Nofëlle vu Schwämmen
  • Wäscht Ären Auto net doheem, mee just a professionelle Waschanlagen.
  • Kontrolléiert Är Waasserleitungen a Krunnen op méiglech Fuitten.

Aus dësem Grond gëtt just nach deen Deel vum Waasserspill op der Place Kons genotzt dee mat Reewaasser bedriwwe gëtt. D’Niwwelmaschinn vum Waasserspill, déi mat Drénkwaasser bedriwwe gëtt, gëtt temporär ausgeschalt.

Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Solidaritéit.

22., 24. & 26. Juni 2026 | Hëtztwell – Nomëttes keng Schoul

Léif Elteren,

Opgrond vun den héijen Temperaturen déi fir déi nächst Deeg ugekënnegt sinn, wëlle mir Iech matdeelen, datt de Schoulunterricht zu Réimech méindes, den 22. Juni nomëttes, mëttwochs, de 24. Juni nomëttes an freides, de 26. Juni nomëttes, ausfält.

Wärend dëser Zäit gëtt eng Betreiung an der Schoul vum Léierpersonal assuréiert.

Mir bieden Iech, dem Enseignant vun Ärem Kand matzedeelen, ob Äert Kand nomëttes heem geet oder an der Schoul bleift.

D’Maison Relais fonctionéiert wéi gewinnt. Denkt w.e.g dru wéi gewéinlech Äert Kand ofzemellen, wann et deen Dag net an d’Maison Relais kënnt.

Réimecher Navette – AUSSER BETRIB | 19.06-23.06.2026 

Réimecher Navette – AUSSER BETRIB | 19.06-23.06.2026

Ist möglicherweise ein Bild von Transporter, Krankenwagen und Text „NEED NEEDARIDE? A RIDE? RÉIMECHER RÉIMECHERNAVETTE NAVETTE eH“
Wéinst engem Accident fiert d’Réimecher Navette haut, 19.06 ab 15:30 Auer net méi.
Viraussichtlech kann se nees ab dem 24.06 fueren.
 
MERCI fir Ärt Versteesdemech!

Bongenaktioun Nationalfeierdag | Lëscht mat Betriber wou matmaachen

 

 

Léif Awunnerinnen an Awunner,

Déi nächst Deeg fannt Dir an Ärer Bréifkëscht d’Bongen déi d’Stad Réimech fir de Nationalfeierdag all Réimecher Awunner offréiert.

Dir kënnt Är Bongen an de Réimecher Restauratiouns- a Wënzerbetriber aléisen.

D‘Lëscht mat de Betriber wou deelhuele fannt Dir zesumme mat de Bongen an Ärer Bréifkëscht oder an dësem Dokument: Commerces-participants_NF_2026

Mir wënschen Iech e schéinen Nationalfeierdag.

Opruff | Terrainen a Gebaier gesicht

Architekturconcours vom Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils am Miselerland!

Zil
Innovativ Iwwernuechtungsméiglechkeeten an originell Konzepter entwéckelen, fir eis Regioun nach méi attraktiv ze maachen – besonnesch am Beräich vum Wäintourismus .
Opruff
Am Kader vun der 1. Etapp leeft nach bis de 26. Juni en Opruff, fir Terrainen a bestoend Gebaier ze identifizéieren, déi sech fir esou Projeten eegnen.
Sidd Dir Proprietär vun engem Terrain oder engem Gebai mat Potenzial? Da maacht mat!
All d’Informatioune fannt dir hei: Ordre des Achitectes et des Ingénieurs-Conseils