Aféiere vun engem neie Pass zu Lëtzebuerg ab dem 11. Mee 2026
- Wat ännert?
Just d’Dauer vun der Gültegkeet
– Kanner 0-4 Joer: 2 Joer gülteg
– Kanner 4–18 Joer: 5 Joer gülteg
– Erwuessener: 10 Joer gülteg
- Prozedur a Präis bleiwen déi selwecht

Mëttwochs, den 22. Abrëll 2026 fier d’Réimecher Navette ab 14 Auer NET méi.
Ab dem 23.04.2026 fiert se nees nom normale Plang.
Den nächste Gemengerot ass de de 24.04.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
All Informatioune ronderëm den Offall – einfach an iwwersiichtlech.
Maacht mat bei der Offalltrennung an -reduzéierung a hëlleft aktiv, eis Ëmwelt ze schütze!
Tip: Reduzéiert an trennt den Offall, da kënnt dir esouguer nach Sue spuere.
Kuckt elo eran: Offall-Guide
wengertsbourse.lu – Wengertsparzellen einfach fannen a verpachten
Sidd Dir op der Sich no neie Wengertsparzellen oder wëllt Dir Flächen verpachten respektiv verkafen?
Mat wengertsbourse.lu start déi nei Online-Plattform fir d’Lëtzebuerger Muselregioun. Am Kader vum LEADER-Miselerland-Projet „Rebflächenbörse & Brachflächenmanagement“ gouf dës Internetsäit entwéckelt, fir Offer an Nofro un der Musel einfach an neutral zesummenzebréngen.
Är Virdeeler op ee Bléck:
Hei geet et direkt op d’Plattform: https://wengertsbourse.lu/ oder scannt einfach de QR-Code mat Ärem Handy.
KONTAKT:
Felix WEYER, Koordinateur vum Projet «Rebflächenbörse & Brachflächenmanagement» vum LEADER Miselerland
E. felix.weyer@leader.lu | T. (+352) 75 01 39 | Mé -Dë 8:00 – 17:00 & Më 8:00 – 12:00
De Schäfferot vun der Stad Réimech luet d’Awunner:innen op eng Versammlung an fir iwwer de Reamenagement vun der Rue de la Corniche a Rue des Bateliers ze informéieren.
???? Datum: Méindeg, 13.04.2026
???? Auerzäit: 18:30 Auer
???? Plaz: Schoul- a Sportzenter Gewännchen | 8, rue des Champs
???? Sprooch: Lëztebuergesch | Iwwersetzung op Franséisch op Ufro méiglech
✍️ Umellung: bis de 07.04.2026 | T. 23 692 1 – E-Mail: mato@remich.staging.kudo.lu
Mir freeën eis op Iech.
Den nächste Gemengerot ass de den 20.03.2026 um 09:00 Auer am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.
Sonndes, de 15. Mäerz 2026 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.
Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.
Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.
Ëmleedungen si gezeechent.
Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 a 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.
Weider Informatioune fannt Dir bei de jeeweilege Linnen op mobiliteit.lu oder am Avis vum RGTR.
Déi nei Editioun vun onser Gemengenzeitung “De Buet” ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.staging.kudo.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.staging.kudo.lu oder an der Receptioun vun der Gemeng a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Empfang und Einwohnermeldeamt
Montag – Donnerstag:
08:00-12:00 und 13:00-16:00
Freitag:
07:00-13:00
Jeden ersten Mittwoch im Monat :
08:00-12:00 und 13:00-19:00
Kommunale Kasse, Marketing- und Tourismusabteilung, Personalbüro, Sekretariat und technischer Dienst
Montag – Donnerstag:
08:00-12:00 (bevorzugt mit Termin)
Nachmittags nur mit Termin
Freitag:
08:00-12:00 (nur mit Termin)
6, rue Enz
L-5532 Remich
Postfach:
B.P. 9
L-5501 Remich
Durch Anklicken der gewünschten Kategorien werden diese auf der Karte angezeigt.
Entrez un mot-clé pour lancer et faciliter votre recherche ou utilisez notre outil de recherche rapide.