VIROWEND NATIONALFEIERDAG | Änderung des Ortes

Wéinst de Wiederkonditiounen sinn d’Festlechkeeten no der Mass den Owend um Gewännchen.

Programm:

  • 19:00 | Te Deum an der Poarkierch
  • 19:30 | Cortège an der Rue de la Gare a Richtung Gewännchen
  • 20:00 | Usprooch vum Buergermeeschter
  • Dono > d’Gemeng offréiert e Patt

Zesummen handelen! Esou kënne mir Waasser spueren.

Zesummen handele fir Waasser ze spueren!

  • Besicht ëffentlech Schwemmen. Vermeit d’Be- an d‘Opfëlle vu private Schwemmen.
  • Wäscht Ären Auto an der Waschanlag. Zoue Systemer gebrauchen d’Waasser méi wéi ee Mol
  • Optiméiert Är Notzung vun der Wäschmaschinn. Loosst d’Maschinn réischt lafe wa se voll ass
  • Nätzt sou mann wéi méiglech mat Drénkwaasser. Eise Wuess brauch kee Waasser, deen erhëlt sech erëm séier. Nätzt Beeter a jonk Planzen no Sonnenënnergang
  • Reduzéiert d’Botze vun Ären Afaarte mat Drénkwaasser. Gudd spuersam mam Drénkwaasser ëm
  • Duscht net ze laang. Eng kuerz Dusch geet duer fir sech ze erfrëschen.

16. – 18.06.2023 | IRONMAN zu Réimech – Wichteg Informatiounen

IRONMAN 70.3 LUXEMBOURG | RÉGION MOSELLE

3 Länner, 1 Course

Feier mat eis den 10-järege Jubiläum vum IRONMAN 70.3 Luxembourg | Région Moselle. 

Start: 08:45 / 1. Finisher géint 12:45

SIDE EVENTS

  • 16.06 | NightRun > Start: 19:30, Place Dr F. Kons
  • 17.06 | IRONKIDS > Start: 11:00, Réimecher Schwämm / Zil: Place Dr F. Kons

All d’Informatiounen betreffend Stroossespäerungen, Parkverbueter asw. fannt Dir op der rietser Säit.

D’Flex-Statioun (Carsharing) um Parking du Port zu Réimech ass vum 14. bis 20. Juni 2023 net a Betrib!

Méi wéi Beien – ziel mat!

Ënnert dem Motto “Méi wéi Beien – ziel mat!” rifft natur & ëmwelt all d’Frënn vun der Natur dozou op, vum 09.-18. Juni bei der dësjäreger Insektenzielung matzemaachen! ????????????????

Zielt wärend enger Stonn (tëschent 10:00 a 16:00 Auer) a bei sonnegem Wieder, wa net ze vill Wand ass, d’Insekten an Ärem Gaart, Bongert, asw.

Passt op, dass dir an engem Radius vun 10m bleift.

Bestëmmt déi verschidden Insekten-Aarten

Är Beobachtungen kënnt Dir via Online-Formulaire areechen (gëtt eréischt den 09.06. fräigeschalt) ???? https://de.surveymonkey.com/r/meiweiBeien

Jiddereen dee matmécht, hëlt automatesch Deel um grousse Gewënnspill!
Ze gewanne gëtt et eng Visite guidée vum Haus vun der Natur mat engem Akafsbong vun 50€ fir an de Shop Nature (1. Plaz), d’Buch “Insektenwelt für Ahnungslose, Krabbeltiere sehen und lieben lernen” (2.-5. Plaz), oder Insektenhoteler (6.-10. Plaz). ????

 

06.06.2023 | Gemengerot

Den nächste Gemengerot ass en Dënschdeg, de 6. Juni 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).

De Buet Mee-Juni 2023 ass elo online!

De Buet Mee-Juni 2023 ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.staging.kudo.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.staging.kudo.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.