Gréin DT Scheierbierg

Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.

Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.

Bacchusfescht

D’Bacchusfescht, all Joers op Maria Himmelfahrt, ass e grousse Floumoart mat Stänn de vun der Esplanade bis op Dr. F. Kons-Plaz.

Fir d’Pausen zwëschen de Floumäert-Stänn suerge regional Iess-, Wäin- a Cremantsstänn.

 

Gréin Supporterclub URB & Miss Crémant

Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.

Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.

De Supporterclub organiséiert hirt Fest de 15.+16.08 ënnert dem Motto “Fête du Crémant”.

Sonndes, 16.08.2028 : Wiel vun der Miss Crémant

Méi Infos: misscremant.lu

Gréin Club des Jeunes Réimech

Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.

Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.

Open-Air Kino | Pumuckl und das große Missverständnis

Erlieft zesumme mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ënner fräiem Himmel!

Pumuckl an dat grousst Mëssverständnis, e Film fir d’ganz Famill:

Beim Meeschter Eder ass all Dag eppes lass, well a senger Schräinerei lieft de klenge Pumuckl, e virwëtzegen a lëschtege Kobold, dee gären Dommheete mécht.

Mat enger Schildkröt, engem Ausfluch op d’Land an och nach dem Gebuertsdag vum Noper Burke geet et dëse Summer beim Eder a Pumuckl drënner an driwwer. Do feelt just nach e grousst Mëssverständnis, dat op eemol all Bedeelegt virun eng schwéier Prouf stellt.

** Sprooch: däitsch | Ënnertitelen: franséisch

Gratis Entrée | Iessen & Gedrénks sur Place

Schlecht Wieder ?
Kee Problem, de neien Iwwerdaach suergt dofir, dass jiddereen dréche bleift!

Open-Air Kino | Bridget Jones – Mad about the boy

Erlieft zesumme mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ënner fräiem Himmel !

Bridget Jones – Mad about the boy

Ënnerstëtzt vum Shazzer, Jude an Tom, hirer Aarbechtskolleegin Miranda, hirer Mamm souwéi hirer Gynäkologin Dr. Rawlings, stierzt sech d’Bridget nees an d’Aarbecht a fänkt un, erëm méi aktiv um Liewen deelzehuelen.

Wéi si probéiert, Beruff, Famill a Léift ënner een Hutt ze kréien, gesäit si sech geschwë mat allerlee Erausfuerderunge konfrontéiert. Sou muss si sech net nëmme géint d’Virurteeler vun de vermeintlech perfekte Mammen an der Schoul behaapten, mee och mat den Avancë vun engem däitlech méi jonke Mann ëmgoen an eng Rei peinlech Treffe mam iwwerrationalen Naturwëssenschaftsenseignant vun hirem Jong iwwerstoen.

Mee d’Bridget Jones wier net d’Bridget Jones, wann si all dës Hürden net op hir chaotesch, awer charmant Aart a Weis géif meeschteren.

** Sprooch: EN | Ënnertitelen: FR / DE

Gratis Entrée | Iessen & Gedrénks sur Place

Schlecht Wieder ?
Kee Problem, de neien Iwwerdaach suergt dofir, dass jiddereen dréche bleift!

Crémant a Kultur Festival | 20. Editioun

All Joers op Kiermessonndeg begréisst d’Stad Réimech Iech op hirem traditionelle  Crémant und Kultur Festival. Nieft enger “Kirmes wéi fréier“ stelle sëllech Kënschtler hir Wierker fir de Verkaf aus.

Programm:

  • Food corner mat lokalem Wäin a Crémant
  • Verkaafststänn
  • Animatioun fir Kanner
  • Kirmes wéi fréier
  • Concerte:
    7 Moukekingen 11:00-12:30
    Tascha 13:00-15:00
    Moselland Kapelle Wincheringen 16:00-18:00